Radioen

On air

Moiesstudio  |  Maribou State - Otherside Feat. Holly Walker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'EZB léisst de Leetzëns onverännert bei 4,5 Prozent

Finanzen

D'EZB léisst de Leetzëns onverännert bei 4,5 Prozent

D’EZB léisst de Leetzëns am Euroraum onverännert bei 4,5 Prozent. Dat huet de Rot vun der Europäescher Zentralbank fir déi fënnefte Kéier hannereneen decidéiert. Trotz enger réckleefeger Inflatioun.

auto_stories

2 min

Christine Lagarde, Presidentin vun der EZB | © picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

D’Experte rechnen eréischt am Juni mat enger Baisse vum Leetzëns. An dat huet och d’EZB Presidentin Christine Lagarde an Aussiicht gestallt:

"Wann eis aktualiséiert Evaluatioun vun den Inflatiounsaussiichten der Dynamik vun der aktueller Inflatioun an der Wierksamkeet vun der Geldpolitik eist Vertraue weider stäerkt, datt d’Inflatioun nohalteg eisem Zil vun 2 Prozent méi no kënnt, da wier et ubruecht, déi aktuell geldpolitesch Restriktiounen ze reduzéieren.“

Marchéserwaardunge goufen duerchgerëselt

D’Inflatioun am Euroraum läit den Ament just knapp iwwer dem EZB-Zil vun 2 Prozent. Allerdéngs goufen d’Marchéserwaardunge fir eng Baisse vum Leetzëns duerchgerëselt.

Dat, well d’Inflatioun an den USA am Mäerz méi staark geklommen ass, wéi erwaart.

Net op Spekulatioune vun aneren Zentralbanke baséieren

D‘Christine Lagarde erkläert, et géif ee vu Versammlung zu Versammlung schaffen an all relevant Donnéeë berücksichtegen.

"Wéi se sech entwéckelen a wéi se eis Ekonomie beaflossen. An ech fänken net u mech op Spekulatiounen oder Decisioune vun aneren Zentralbanken ze baséieren.“

Zéng Mol hannerenee goufen d'Zënsen eropgeschrauft

Fir d’Inflatioun an de Grëff ze kréien, déi nom Krich an der Ukrain op eng Rekordhéicht geklomme war, hat d’EZB zanter Juli 2022 zéng Mol hannereneen d’Zënsen an d’Luucht geschrauft.

Kreditter ginn deemno méi deier. Dat kann dozou féieren, datt d’Leit manner kafen an doduerch d’Präisser erofginn. 

Lauschterenplay_arrow