Weider Volle wieren an den nächsten zwou Woche geplangt. Och d‘UNO erwaart am Laf vum Dag aacht Camione mat Liewensmëttel, Medikamenter a Waasser fir de Gazasträif.
D‘Liwwerunge géifen duerch d‘Gefor an technesch a politesch Problemer behënnert ginn heescht et weider. Rezent hat d‘UNO erkläert, datt all Dag 100 Camionen néideg wieren, fir alleguer d‘Mënschen am Gaza versuergen ze kënnen.