Radioen

On air

Notturno  |  Raftside - Midnight Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D‘EU-Kommissioun kënnt den europäesche Bauere weider entgéint

No EU-wäite Bauereprotester

D‘EU-Kommissioun kënnt den europäesche Bauere weider entgéint

D'EU-Kommissioun wëllt d‘Virschrëfte fir Stécker, déi musse brooch leie gelooss ginn, lockeren. De Moie gouf zu Bréissel op verschiddene Punkten eng Derogatioun vun där entspriechender Directive decidéiert.

auto_stories

1 min

Deemno mussen déi Stécker net ganz brooch leie gelooss ginn, mee et kënnen nach verschidde Planzen ugeséint ginn. Aus de siwe Prozent, déi bis elo hu misste brooch leie gelooss ginn, fir kënnen europäesch Subventiounen ze kréien, sinn et lo nach just véier Prozent. De But vun Terrainen, déi brooch leie gelooss ginn, ass fir d‘Biodiversitéit ze schützen.

A Frankräich huet di grouss Baueregewerkschaft FNSEA iwwerdeems mat weideren Aktioune gedrot, wann hir Revendikatiounen net bis bei de Salon de l‘Agriculture, an zéng Deeg, erfëllt géife ginn.