Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'DP wëll sech net um gudde Resultat vun 2023 ausrouen

Neijoerschpatt

D'DP wëll sech net um gudde Resultat vun 2023 ausrouen

Méi Mandater an der Gemengen an an der Regierung bleiwen: Dat waren déi zwee Ziler vun der DP am Superwaljoer, an déi wiere ganz kloer erreecht ginn. Dat sot d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann gëschter um Mëttwochowend um Neijoerschpatt vun der demokratescher Partei am Melusina. Dorop ausroue wëll sech d’DP awer net.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Marène Clement play_arrow
(Foto: Marène Clement)

Den nächste Walkampf steet nämlech scho virun der Dier. Den 9. Juni dëst Joer sinn d’Europawalen. Mam DP-Europadeputéierte Charles Goerens hätt d’Partei een iwwerzeegten Europäer an hire Reien, esou d’ d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann.

"Mir wäerten och dëst Joer, zesumme mam Charles, d’Äerm eropkrämpelen an haart schaffen. An och do si mir alleguerten nees gefrot fir zesummenzehalen, fir den Elan vum leschte Joer matzehuelen an am selwechten Esprit dann och an déi Europawalen ze goen."

Den 71-Joer ale Charles Goerens huet dann och selwer d’Wuert um Neijoerschpatt vun der demokratescher Partei ergraff. Am Summer wier hie vun der Press gefrot ginn, ob hien nach eemol géing mat an d’Europawale goen. D’Äntwert:

"Ech ka mir Europa ganz gutt virstellen ouni mech. Mee ech ka mir mech net virstellen ouni Europa."

Hie wier total motivéiert, esou de liberalen Europadeputéierten, dee schonns 1982 fir d'éischte Kéier am Europaparlament souz a bei de leschten Europawalen 2019 als Éischtgewielten aus de Walen ervirgaangen ass.

Schwéier wirtschaftlech Zäiten

Och d’Erausfuerderunge fir déi nei schwaarz-blo Regierung sinn op der Neijoerschreceptioun ugeschwat ginn. Et wier een an net ganz einfache wirtschaftlechen Zäiten, sot den neien DP-Wirtschaftsminister Lex Delles. Fir dat Liewen, wat mir hunn, weiderzeféieren an auszebauen, bräicht een eng kompetitiv Wirtschaft.

"Et ginn ëmmer rëm Parteien, déi op d’Iddi komme vun der Décroissance. Mee et gëtt eben nach kee Modell, deen ech gesinn hunn, deen iergendee gesinn huet, wou d’Décroissance dozou bäigedroen huet, datt mir ee staarke Sozialstaat kënnen hunn."

Och am Logement misste weider staark Akzenter ginn, esou de Lex Delles. All Wunneng, déi haut net géing gebaut ginn, wier eng Wunneng, déi muer feelt. 

Lauschterenplay_arrow