Amplaz, datt de Service fir all Bluttprodukt eenzel bezuelt gëtt, kéint een, dem Dr. Philippe Turk, President vun der FHL, no iwwerleeën, datt dës Aktivitéit am Kader vum Spidolsgesetz kéint finanzéiert ginn.
"Mir hunn do aner Beispiller, fir verschidden Aktivitéite vum Staatslaboratoire. Also dat ass e séchere Modell, deen ee kéint undenken."
Dat géif bedeiten, datt d'Croix-Rouge net méi ëmmer nei mat der CNS iwwer d’Präisser verhandele muss, mee e fixen Deel vum Staatsbudget kréie géif. Fir d’Spideeler géif sech duerch eng Ëmstellung vum Finanzéierungsmodell net vill änneren. Wichteg wier awer, datt déi héich Qualitéit vun de Servicer, déi ëmmer méi komplex Technologien a Prozesser verlaangen, erhale bleift, esou de Philippe Turk.
Well d’Tariffer, déi d'CNS fir d’Bluttprodukter festleet, zënter Joren net ugepasst goufen, kritt d'Croix-Rouge net genuch Suen, fir d’Käschten ze decken. Dofir muss d’Croix-Rouge elo Spenden, déi eigentlech fir aner Projete geduecht sinn, benotzen, fir den Servicen de Bluttspenden ze finanzéieren.