Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Camprilux: "D'Campinge méi resilient maachen"

Associatioun vun de Camping-Bedreiwer

Camprilux: "D'Campinge méi resilient maachen"

No de villen Iwwerschwemmungen aus de leschte Joren, hunn d'Campingen am Land sech en Héichwaasserkonzept ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

D‘Camprilux, d‘Associatioun vun de Camping-Bedreiwer, kuckt op e ganz gutt Joer 2023 zeréck. De Camping wier weiderhi ganz beléift, d‘Leit wéilte méi naturno Vakanz maachen an och net méi esou wäit fueren, fir hir Vakanz. Och fir dëst Joer géif et bei de Reservatioune gutt ausgesinn, begréisst d‘Generalsekretärin vu Camprilux, Linda Gedink, am 100,7-Interview. Si erwaart sech deemno en änlech gutt Resultat ewéi zejoert.

D’Campingen hunn sech, no de villen Iwwerschwemmungen aus de leschte Joren, en Héichwaasserkonzept ginn. En éischte Projet vun de sougenannte LEADER-Regioune Mëllerdall an Eislek (ndlr: LEADER steet fir „Liaison Entre Actions de Développement de l’Economie Rurale“), fir d’Campinge méi resilient géint d’Konsequenze vum Klimawandel ze maachen, soll elo weider geféiert ginn. “Eventuell als transnationale Projet, zesumme mat Limburg an Holland”, sou d’Linda Gedink. D’Regioun hätt änlech Problemer mat Héichwaasser gehat, ewéi de Grand-Duché.

An deem Kontext hätt d‘Camprilux och zanter engem Joer e Kontrakt mat Météo Boulaide, fir vun Abrëll bis Oktober am Viraus Previsiounen ze kréien, wann d‘Wieder sollt changéieren.

D'Campinge si géint déi sougenannt fiches d'hébergement

D’Camprilux kritiséiert iwwerdeems déi geplangte Reform vum Gesetz iwwert d‘fiches d‘hébèrgement. De Projet ass op Demande vun der Police entstanen an zanter dem leschte Summer um Instanzewee, an de Camping-Bedreiwer en Dar am Aen. An dëse Formulaire muss jiddereen, deen hei am Land op Besuch ass, seng perséinlech Donnéeën androen. Aktuell awer nëmmen eng Persoun pro Famill. Geplangt ass, datt zukünfteg jiddereen esou eng Fiche misst ausfëllen. En onnéidege Plus un administrativem Opwand, betount d’Linda Gedink. Op de Lëtzebuerger Campinge géifen haaptsächlech Famillje Vakanz maachen. “Et ass seelen, datt Leit sech um Camping verstoppen, wann se vun der Police gesicht ginn.”

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit