Radioen

On air

Moiesstudio  |  Fleet Foxes - Can I Believe You

play_arrow Live
search

/ D'CSV kuckt op ee positiivt Joer zeréck

Neijoerschpatt

D'CSV kuckt op ee positiivt Joer zeréck

Et wier schéin, no sou ville Joren emol erëm e Chamberpresident oder e Premierminister ob engem CSV-Neijoerschpatt ze begréissen, sou d’CSV Parteipresidentin Elisabeth Margue gëschter um Donneschdegowend am Centre culturel am Sand zu Nidderaanwen. Eng ronn 500 Parteimembere konnten op ee positiivt Joer zeréckkucken.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Et war no zwee schwierege Joren ee gutt Joer mat engem gudde Resultat bei de Gemengewalen an engem Retour an d’Regierungsmajoritéit, esou d’Parteipresidentin Elisabeth Margue. Och intern wier d’Partei gestäerkt ginn. Elo kéint ee sech ëm déi politesch Prioritéite Logement, Kafkraaft an Ëmweltpolitik konzentréieren. Bei de Steieren hätt ee scho geliwwert. D’Parteipresidentin huet och op déi rezent Polemik ëm den Inneminister Léon Gloden reagéiert.

"Dat wat beim Léon doheem passéiert ass, dat ass net akzeptabel an dat muss een an all Thermen condamnéieren. An ech wëll dem Léon a senger Famill als Parteipresidentin nach eng Kéier déi ganz Ënnerstëtzung ausschwätzen. Mir maache Politik mat Argumenter a mir kënne keng Form vun Aschüchterung toleréieren. Et ass wichteg, dat oft genuch ze soen."

An 100 Deeg kritt een net alles gemaach

Hie misst liwweren, sou wéi dat virun him CSV-Regierungscheffe gemaach hätten, déi d’Land ekonomesch a gesellschaftlech viru bruecht hätten, sou de Premier Luc Frieden. Dat géif awer net an 100 Deeg goen. D’Equipe misst aus dem Rodage kommen, mee duerno géif et konkret ginn.

"D'Regierung wäert an deenen nächste Wochen e klore Kalenner fir d'Joer 2024 präsentéieren. Ech hunn all Minister gebieden a sengem Departement innerhalb vum Koalitiounsprogramm ze kucken, wat hien am éischte Joer wëll maachen. Mir diskutéieren, decidéieren dat zesummen."

Luc Frieden reagéiert op Kriticken

De Luc Frieden huet och op Kriticke reagéiert, wat säi Verglach vum Regierungschef mat engem Firmechef ugeet.

"Loosst mech soen, firwat ech dat gesot hunn: Ech weess schonn den Ënnerscheed tëscht engem Staat an enger Gesellschaft. Mee ech hätt gären, datt mir ee moderne Staat hätten, ee Staat an dem och d'Effikassitéit, an deem d'Digitaliséierung seng Plaz huet. Net een almoudeschen, bürokratesche Staat, deen de Leit e lauter Schwieregkeete mécht."

Et wier och net wouer, datt de Luc Frieden fir d’Ëmwelt näischt iwwreg hätt. Hie géif vill an der Natur spadséiere goen. Ëmweltschutz kéint een awer nëmme bezuelen, wann d’Wirtschaft virdrun d’Geld dofir erschafft hätt. 

Lauschterenplay_arrow