Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  Philosophie a Medien

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'CNS warnt viru Bedruch

Telefon, SMS a Mail

D'CNS warnt viru Bedruch

D‘Gesondheetskeess CNS warnt nees viru Bedruch duerch falsch Telefonsappeller, SMSen an E-Mailen. D‘Leit kréichen SMSen a Maile geschéckt an deene si gesot kréien, hir Sécurité sociale Kaart wier ofgelaf, a fir se ze erneiere misste se op ee Link klicken.

auto_stories

1 min

Online Bedruch | © picture alliance / dpa-tmn | Christin Klose
Online Bedruch (Foto: picture alliance / dpa-tmn | Christin Klose)

Déi Message géifen esou ausgesi wéi wa se vun der CNS kéimen. Dat wier awer net de Fall. Weder d’CNS, nach d‘CCSS géifen esou Message verschécken, an et sollt een op kee Fall op déi Linke klicken, esou e Communiqué vun der CNS.