Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’CNS keeft der AMMD hire Projet of a wëllt e weiderentwéckelen

Gesondheetskeess

D’CNS keeft der AMMD hire Projet of a wëllt e weiderentwéckelen

D'CNS bezilt der AMMD 4,8 Milliounen Euro fir déi digital Servicer, déi d'Dokteschassociatioun mat hirer Firma DHN entwéckele gelooss hat. Dee Präis nennt den CNS-President Christian Oberlé am 100,7-Interview, e puer Deeg no der Annonce vun der Transaktioun. D'AMMD schwätzt vun engem Verloschtgeschäft.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Christian Oberlé, President vun der CNS (Foto: radio 100,7)

D'CNS iwwerhëlt vun der AMMD ënner anerem eng Plattform fir Gesondheetsservicer an eng elektronesch Ënnerschrëft, déi d'Verbindlechkeet vun de medezineschen Dokumenter garantéiert. D'Demande fir de Verkaf vun de Servicer ass vun der AMMD-Firma DHN selwer ausgaangen. D'Firma hätt net méi déi finanziell a strukturell Moyene gehat, fir de Projet weiderzeféieren, esou d'Dokteschassociatioun.

"Immens virdeelhaft Konditiounen"

D'CNS hätt dës Ouverture als Méiglechkeet gesi fir passend Servicer ze iwwerhuelen, wéi de Christian Oberlé erkläert. 

"Mir hunn e Produit kaf deen Ament ënner conditions particulièrement avantageuse, mee ënner der Konditioun, datt déi Entreprise en net méi weider kann developpéieren."

Doropshi wier een op ee Präis vu 4,8 Milliounen Euro komm.

AMMD huet Partnerschaft mat CNS ugestrieft

Den DHN-Projet wier eng grousse finanziell Belaaschtung fir d'AMMD gewiescht, erkläert de President Alain Schmit, mat ronn 100 Medezinner:innen, déi finanziell matgemaach hätten.

"Et ass e Verloscht, an et ass sécher net de Fall, datt et e Geschäft gewiescht wier."

D'Firma DHN gëtt elo zougemaach an existéiert nëmmen nach als "coquille vide". D'AMMD hat an d'Digitaliséierung investéiert an ursprünglech eng Partnerschaft mat der CNS ugestrieft.

D'CNS huet eegenen Aussoen no als ëffentlechen Etablissement kee Raum gesi fir eng finanziell Verbonnenheet mat enger Privatfirma.

Alain Schmit: "Mir konnten eis net virstellen, datt mir bäilafe gelooss ginn"

Am Réckbléck stellt den Alain Schmit fest, datt et eng Feelaschätzung war sech op dem Staat seng Ënnerstëtzung als Partner ze verloossen.

"Mir konnten eis net virstellen, datt mir do géife bäilafe gelooss ginn. Mee dat ass haut natierlech, si mir do eppes Bessere beléiert ginn."

D'CNS plangt elo d'Servicer vun DHN an den nationale Gesondheetsservice ze integréieren. Dat an Zesummenaarbecht mam Centre des technologies de l'information de l'Etat (CTIE), Incert, an der Agence eSanté. Bannent zwou Woche sollen d'Basis vum Projet an d'Weiderentwécklung festgeluecht ginn, fir de Projet ouni Ënnerbriechung ze assuréieren.

D'Integratioun soll den Austausch vu Gesondheetsinformatioune verbesseren an d'Servicer fir Patient:in an Dokter an Doktesch méi accessibel a benotzerfrëndlech gestalten. Fir d'AMMD bleift positiv, datt den DHN-Projet duerch d'CNS-Weiderféierung unerkannt gëtt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Gesondheet
Politik a Gesellschaft