An engem Communiqué deelt d‘Staatsbeamtegewerkschaft mat, datt an hirer leschter Sëtzung vum CGFP-Nationalcomité driwwer berode gouf, wéi ee weider am Dossier wëll virgoen. Et géif een op kee Fall noginn.
Den 19. Januar huet d‘CGFP eng Mediatiounsprozedur an d‘Weeër geleet, do wier awer nach keng Decisioun geholl ginn. D‘CGFP schléisst gewerkschaftlech Aktiounen net aus a géif och am Moment préiwe loossen, ob eng Plainte virum Verwaltungsgeriicht wéinst Verstouss géint de Gehälteraccord méiglech wier.