search

/ No 34 Joer an der Oppositioun: CDU a Rheinland-Pfalz wëllt nees un d'Rudder

Däitschland

|
headphones

2 min

No 34 Joer an der Oppositioun: CDU a Rheinland-Pfalz wëllt nees un d'Rudder

No 34 Joer an der Oppositioun wëllt d‘CDU a Rheinland-Pfalz bei der Landtagswal den 22. Mäerz gewannen. Et géif och nees eng reell Chance, op eng vun der CDU geféiert Landesregierung ginn. Dat sot den CDU-Bundeskanzler Friedrich Merz op enger Visitt zu Tréier am Kader vum politeschen Äschermëttwoch

headphones

2 min

Gordon Schnieder a Friedrich Merz | © EPA/RONALD WITTEK
Gordon Schnieder a Friedrich Merz (Foto: EPA/RONALD WITTEK)

An den Ëmfroe läit d'CDU a Rheinland-Pfalz schonn zënter Längerem virun der SPD. Dat mat 29 par Rapport zu 26 Prozent, wéi eng rezent Ëmfro vum Noriichtesender SWR weist. 

D'Sozialdemokrate sinn zënter 1991 am Grenz-Bundesland vu Lëtzebuerg um Rudder. Nach ass awer onkloer, wéi eng potentiell Koalitiounen a Rheinland-Pfalz kéint ausgesinn. De Bundeskanzler Merz an den CDU-Spëtzekandidat Gordon Schnieder hunn awer kloergestallt, datt eng Zesummenaarbecht mat der AFD fir si net a Fro kéim. 

"Es gab nie eine Zusammenarbeit mit den Populisten und Extremisten und es wird sie in RLP auch niemals geben. Dort gibt es keine Bürgerlichen bei den Funktionären mehr. Und wenn man sich die Vetternwirtschaft anschaut – diesen Personen möchte ich dieses Land nicht anvertraut sehen. Deshalb bleibt die klare Abgrenzung."

 Friedrich Merz fuedert Manner "Lifestyle" fir méi Wuelstand

Um Bord vum CDU-Äschermëttwoch Treffen zu Tréier huet den däitsche Kanzler Friedrich Merz e Mentalitéitswiessel fir eng méi produktiv Leeschtungsgesellschaft gefuerdert. An enger Ried zu Tréier sot hien, fir de Wuelstand ze erhalen, misst jiddereen eng Hand mat upaken an nees méi leeschte fir Däitschland erëm no vir ze bréngen. 

"Lifestyle und Viertagewoche, alles schön, kann man alles machen, aber wenn wir unseren Wohlstand erhalten wollen, dann müssen wir jetzt alle mal zusammen ins Rad packen und dafür sorgen, dass in diesem Land wieder eine richtig gute Leistung bezahlt."

A senger Ried zu Tréier huet de Friedrich Merz och ugedeit, datt hien eng zweet Amtszäit als Kanzler ustrieft. Hien hätt scho vir, datt nach eng länger Zäit ze maachen, sot hien.