Sinn d’Festivitéiten de Weekend hirer Aschätzung no gutt fir den neie Grand-Duc Guillaume gelaf? Dat war eng vun de Froen am Interview. An d'Chefredactrice vum Luxemburger Wort Ines Kurschat huet festgestallt:
“Als Gesamtfazit géif ech scho soen, dat war eng eng fantastesch Party. Et ware vill Leit do, et ware méi Leit, wéi se geduecht hunn, souguer zu Wolz war et wierklech rappelvoll, obwuel si do jo dobausse missen iessen. Also ech mengen ënner dem Stréch wierklech gelongen, jo.”
Huet de Weekend also gewisen, datt d'Monarchie manner ëmstridden ass, wéi deen een oder anere vläicht geduecht hat? D'Monarchie wier och virdrun net wierklech ëmstridde gewiescht, esou de Chefredakter vum Tageblatt Armand Back. Senger Meenung no,' hätt de Weekend mat "där ganzer Inzenéierung" och nach eng Kéier dozou gedéngt, op d'mannst ze probéieren d'Monarchie ze festegen.
“Wann een dee Cortège gekuckt huet iwwer d'Bréck erof, wou den neie Grand-Duc dann do trëppelt mat deene bal 2.000 Leit hannendrun a Leit ronderëm, déi dat kucken, dat war schonn eng Inzenéierung, déi an deem Moment natierlech flott war. Elo, eleng schonn annerhallwen Dag duerno, wann ech doriwwer nodenken, froen ech mech, war dat net awer vläicht e bëssen iwwerdriwwen? De Concert war super, dat op der Bréck froen ech mech ...”
D’Interviewen am Virfeld vum Trounwiessel
D’Lëtzebuerger Wort an d’Tageblatt – grad wéi eng Rei aner Medie wéi de Radio 100,7 – hate virum Trounwiessel d’Méiglechkeete fir Interviewe mam neie Grand-Duc ze féieren.
Eng vun den Erwaardunge wier, datt d’Monarchie erëm eng nei Balance soll fannen an eng Stabilitéit, sech net ze vill politesch ze äusseren an hoffentlech och net erëm fir extra Rapporten ze suergen, esou dozou d’Chefredactrice vum Lëtzebuerger Wort Ines Kurschat.
“Dowéinst fannen ech, huet dee Groussherzog Guillaume eigentlech eng ganz gutt Formule fonnt, well hie gesot huet, hie géif sech natierlech zu deene Schlësselmomenter äusseren. An dat léist him awer och Plaz, fir ze interpretéieren, wat sinn dann eigentlech Schlësselmomenter. Ech hunn hien am Interview selwer esou erlieft, hie war scho liicht ugespaant, dat huet ee gemierkt. Ech mengen hie weess, datt hie sech och grad par Rapport vun der Lëtzebuerger Ëffentlechkeet nach eng Kéier e bëssen aneschters muss presentéieren, wéi seng Elteren, déi jo eigentlech grad an deem Schlussmarsch keng richteg Interviewe méi ginn hunn.”
Hien hätt och ee “ganz oppenen” neie Grand-Duc am Interview erlieft, esou de Chefredakter vum Tageblatt Armand Back.
“Et war e ganz frëndlecht Gespréich, war e bësse méi oppen, wéi ech geduecht hat. (...) De Guillaume huet jo betount, dass him déi politesch Neutralitéit ganz wichteg ass, wat jo och wierklech wichteg ass, an d'Verfassung virschreift. A wat soll en do och elo all dräi, véier Wochen en Interview ginn? Wat soll ee grouss soen?”
Kommentéiert hunn déi béid Chefredakteren och, dem neie Grand-Duc seng Ausso ee Bréckebauer wëllen ze sinn. Bréckebauer ze sinn, dat wier awer op eppes Ustrengendes, esou d’Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort.
“Do gehéiert och Statik dobäi. (...) Ech weess, datt aus Héiflechkeet een natierlech net esou vill iwwer déi Feeler vun där Generatioun virdru schwätzt. Awer et ass schonn esou, datt dee Guillaume och eppes muss riichtbéien.”
D’Fro, wat déi ganz Festivitéite fir den Trounwiessel kascht hunn, wier eppes wat d’Leit interesséiert, esou nach am 100,7-Interview de Chefredakter vum Tageblatt Armand Back.