Radioen

On air

Moiesstudio  |  Edsun - Just Text

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Aarbecht vun MSF am Libanon gëtt ëmmer méi geféierlech

Médecins sans Frontières

D'Aarbecht vun MSF am Libanon gëtt ëmmer méi geféierlech

Den Ament ginn et eng 1,1 Millioune Flüchtlinge bannent dem Libanon. Dat erkläert den Thomas Kaufmann vu Médecins sans Frontières. Fir Mataarbechter:innen op der Plaz géif d‘Aarbecht ëmmer méi schwiereg ginn.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

© picture-alliance/ dpa | Jens Kalaene play_arrow

D‘Leit géifen trotz schwierege Konditioune weider um Terrain schaffen. Zënter puer Méint géif et ëmmer méi dacks zu Verletzungen oder Mëssuechtunge vun de Mënscherechter kommen. D‘Gesondheetsinfrastrukturen vun MSF sinn iwwerdeems dacks d‘Zilscheif vun Attacken, sou datt d‘Mataarbechter:innne och tatsächlech a Gefor wieren, esou den Thomas Kaufmann.

1,1 Millioune Mënschen am Libanon sinn op der Flucht, ouni eng Plaz ze hunn, op déi si flüchte kënnen. Da gi si an ëffentlech Gebaier, respektiv an d‘Schoulen.

De gréisste Besoin fir d‘Mënschen op der Plaz sinn net-Liewensmëttel. Also Decken, Matrassen, Hygiènesartikelen, Waasser a Medikamenter. MSF ass och mat mobille Klinicken ënnerwee, erkläert den Thomas Kaufmann.

Lauschterenplay_arrow