Engagement géif Zäit kaschten, heescht et am entspriechende Schreiwes, an all Militant géif riskéieren, kierperlech a mental u seng Grenzen ze kommen. Dowéinst hätt een zesummen decidéiert, der ASBL een Enn ze setzen.
Finkapé huett sech an de leschte Joeren ënneren anerem an den Diskussioune ronderëm strukturelle Rassismus zu Lëtzebuerg abruecht an sech och um Opschaffe vun der kolonialer Vergaangenheet vum Land bedeelegt.