Radioen

On air

9 bis 1  |  The Wombats - Sorry I'm Late, I Didn't Want To Come

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'ADR strieft ee Sëtz bei den Europawalen un

Neijoerschpatt

D'ADR strieft ee Sëtz bei den Europawalen un

D'ADR kuckt optimistesch op d'Europawalen dëst Joer a strieft fir déi éischte Kéier an hirer Geschicht ee Sëtz am Europaparlament un. Op hirem Neijoerschpatt um Donneschdegowend am Schwaarzen Haus um Cents huet d’ADR sech triumphalistesch gewisen. Et wier eleng der Partei hire Verdéngscht, datt Blo-Rout-Gréng bei de Chamberwalen ofgewielt gi wier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Begleet vun der Titelmusek vun Knight Rider ass den ADR Parteipresident un de Riednerpult getratt. De Sëtz, deen d’ADR bei de Chamberwalen am Oste kritt hätt, hätt zum Regierungswiessel gefouert behaapt de Fred Keup.

"An ech hunn dem Här Frieden och an der Chamber gesot, all moie wann hien opsteet, soll hien der ADR merci soen, datt hie Premierminister ginn ass. Well ouni eis wier hien et net ginn."

Déi nei Regierung géif dodru gemooss ginn, wat se um Enn ëmsetzt, sot den ADR-Parteipresident. Zu de Parameter, un deenen d’Regierung vun der ADR gemooss gëtt, gehéieren ënnert anerem d’Entwécklung vun der Aarmut, vun der Kriminalitéit, der Verkéierssituatioun, souwéi d’Fro, ob "nach weider vill Lëtzebuerger mussen an d’Ausland plënneren. Eppes, wat fir eis skandaléis ass: Lëtzebuerger, déi net méi kënnen am Land wunnen."

Kloer Iddie wat déi europäesch Migratiounspolitik ugeet

Op d‘Europawalen dëst Joer géif d’ADR ganz optimistesch kucken. Déi éischte Kéier an der Geschicht vun der Partei strieft d’ADR ee Sëtz am Europaparlament un, esou de Fred Keup virun enge ronn 100 Memberen. De Fred Keup wéilt een Europa vun den Natiounen. Zur europäescher Migratiounspolitik huet de Fred Keup zum Beispill déi heiten Iddi:

"Eppes, wat einfach ëmgesat kéint ginn, wier, datt ee wärend véier Wochen deene Leit, déi dee Wee an Europa maachen, misst soen, datt se net era kommen. Da géif dee Wee och kee méi maachen."

De Vandalismus beim Inneminister Léon Gloden sengem Haus verurteelt d’ADR a behaapt, dat wier aus dem lénksradikale Milieu komm. Sou eng Gewalt géif d'ADR net akzeptéieren. Et wier méi schlëmm wéi Vandalismus, esou nach de Fred Keup.

Lauschterenplay_arrow