Dat gëllt och fir de Monitoring vun Drëttubidder. Vun dësem neie Gesetz, dat op der EU-Direktiv Nis 2 berout, sinn all d’Entreprisë mat iwwer 50 Salariéen oder engem Ëmsaz vun iwwer 10 Milliounen Euro betraff. De Luc Tapella, Direkter vum ILR erkläert, wat domat op d'Entreprisen duerkënnt.
"D'Responsabilitéit läit natierlech bei den Entreprisen, wann eppes geschitt. Mee d'Responsabilitéit duerch d'NIS 2 geet bis zum Organe de direction. Dat heescht de Generaldirekter, de President vum Conseil an esou weider sinn och mat betraff. Et ass net fir ze soen, déi Leit, déi sech ëm Cybersécherheet këmmeren, et ass deenen hir Schold. Nee, et geet bis zum Organe de direction vun deene verschiddenen Entitéiten."
De Luc Tapella geet iwwerdeems dovun aus, datt tëschent 1.500 an 2.000 Entreprisë vum neie Gesetz betraff sinn.
Text vum Max Voncken