arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Police hëlt presuméierte Brandstëfter an der Stad fest

National

|
reading time

1 min

Police hëlt presuméierte Brandstëfter an der Stad fest

Gëschter Owend huet d‘Police e presuméierte Brandstëfter festgeholl. Géint 10 Auer huet an der Stad en Auto gebrannt. An der Géigend huet d‘Police ee Mann getraff, géint dee scho wéinst engem aneren Autosbrand an där nämmlechter Strooss ermëttelt gëtt.

reading time

1 min

© Oleksandr/Adobe Stock
(Foto: Oleksandr/Adobe Stock)

Bei der Duerchsichung gouf e Pak Fixfeier fonnt. Déi weider Enquête hätt erginn, datt hie fir d‘Feier responsabel wier, esou d‘Police.

Op Uerder vum Parquet koum de presuméierten Täter virun den Untersuchungsriichter.