arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cyberincident beim Staat: Externen Acteur hat Zougrëff op Date-Lëscht

National

|
headphones

1 min

Cyberincident beim Staat: Externen Acteur hat Zougrëff op Date-Lëscht

No engem Cyberincident, deen d’IT-Systemer vum Staat betraff huet, hunn déi zoustänneg Servicer weider Analyse gemaach. Dat geet aus engem Communiqué vum Haut Commissariat à la Protection national (HCPN) ervir.

headphones

1 min

© Adobe / tippapatt
(Foto: Adobe / tippapatt)

Den Tëschefall steet am Zesummenhang mat engem Softwareprogramm, deen Enn Februar entdeckt gouf an deen den Zougrëff op verschidden intern Servicer vum Centre des Technologies de l’informatioun de l’Etat (CTIE) temporär limitéiert hat.

Zougrëff op Lëscht mat Informatiounen

No enger Analyse war kloer ginn, datt een externen Acteur Zougrëff op eng Date-Lëscht hat. Dës Lëscht enthält Informatiounen, déi fir d’Gestioun vun de Laptope vum Staat néideg sinn. Donnéeë vu Biergerinnen a Bierger waren net betraff.

Keng Donnéeë vu Bierger:inne betraff

Zënterdeem goufen eng Rei präventiv Mesuren ëmgesat. Dorënner d’Isolatioun vum betraffene Server an d’Installatioun vun engem komplett neie Server fir d’Sécherheet vum System ze garantéieren.