Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cyberharcèlement soll net separat am Code pénal festgehale ginn

Justiz

Cyberharcèlement soll net separat am Code pénal festgehale ginn

De Cyberharcèlement soll net an de Code pénal hei am Land agefouert ginn. An dat, obwuel de Phänomen reell a beonrouegend wier. Dat geet aus enger Prise de position vun der Regierung zu enger entspriechender Gesetzespropos vun den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana a Francine Closener ervir.

auto_stories

1 min

Cybermobbing | © Adobe Stock/Jürgen Fälchle
Foto: Adobe Stock/Jürgen Fälchle

De Code pénal couvréiert Verhalen, déi d‘Rou vun enger Persoun grave affectéieren, den Ament schonn op eng generell Manéier. Deemno kéinte ganz vill Verhalen dorënner falen, wat dem Riichter eng méi grouss Appreciatiouns-Marge léisst, wat hien als Harcèlement ugesäit, a wat net, esou ënnert anerem d‘Argument vun der Regierung.

Et wier am Respekt vum Prinzip vu Rechtssécherheet méi sënnvoll a virsiichteg, fir déi aktuell Dispositiounen, déi technologesch neutral sinn, bäizebehale fir Harcèlement komplett ofzedecken – onofhängeg ob en iwwer Internet bedriwwe gouf oder net. Dat wier och am Code pénal an eisen Nopeschlänner Frankräich a Belsch esou gereegelt, esou nach d‘Regierung.