Een Deel gouf hei am Land zerstéiert, de Rescht gouf fortgeschéckt fir zerstéiert ze ginn. Et handelt sech ëm Dosissen, déi fir bal 23,5 Milliounen Euro kaaft gi waren. D‘Zerstéierung huet dann nach emol bal 14.000 Euro kascht.
Am Moment hätt Lëtzebuerg nach ronn 250.000 Dosissen op Stock, déi an den nächste sechs Méint oflafen an et ginn nach weider Liwwerungen erwaart: iwwer déi nächst dräi Joer verdeelt, ongeféier 155.000 Dosisse pro Joer.
D‘Gesondheetsministesch erënnert drun, datt Lëtzebuerg um gemeinsamen Akaf vun Impfdosisse vun der EU bedeelegt ass, an datt Lëtzebuerg dofir net aus dem Kontrakt mat de Produzente kann erausklammen.