Radioen

On air

Notturno  |  Water From Your Eyes - Adeleine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Cour d'appel confirméiert d'Urteel géint de Peter Freitag wéinst Beleidegung

Justiz

D'Cour d'appel confirméiert d'Urteel géint de Peter Freitag wéinst Beleidegung

Eng Dosen Deeg virun den Europawale gouf de Peter Freitag den Dënschdeg op der Cour d’appel wéinst Beleidegung vum Xavier Bettel verurteelt. D’Strofmooss vu 6 Méint Prisong mat Sursis an 1.000 Euro Geldstrof aus éischter Instanz gouf dunn nämlech definitiv confirméiert. Op Facebook hat de Kandidat fir d’Europawale vun der Beweegung “Mir d’Vollek” am September 2021 homophob Aussoen un de Xavier Bettel geriicht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© unsplash play_arrow
Foto: unsplash

Fir de Peter Freitag war den deemolege Premier wéinst senger Homosexualitéit als Deel vun enger Risikogrupp unzegesinn; op Grond vu senger “Decisioun géint Frae misst hien dann och mat de Konsequenze liewen”. Et kéint een AIDS nëmmen da bäikommen, wann déi ganz Welt heterosexuell liewe géif, esou de Corona-Impfgéigner. Am Post war ënner anerem nach dovu rieds, datt de Xavier Bettel, sollt hien AIDS kréien, keng Pai méi kréie sollt.

Donieft misst den deemolege Premier allkéiers en negativen AIDS-Test virleeën, deen hie bezuele misst, wann hien an e Restaurant oder an d’Chamber goe wéilt. Doriwwer eraus hat de Peter Freitag säin eegenen Text mat der Fro kommentéiert: “Wann een de Xavier Bettel mat senger eegener idiotescher Logik konfrontéiere géif?”

6 Méint Prisong mat Sursis an 1.000 Euro Geldstrof

D’Faite ware sengerzäit der Bee Secure Stopline gemellt ginn. Am Juni zejoert war de Peter Freitag um Stater Geriicht wéinst Beleidegung dofir zu 6 Méint Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vun 1.000 Euro condamnéiert ginn, en Urteel, dat gëschter also definitiv confirméiert gouf.

Am Mäerz eréischt war de Peter Freitag an enger anerer Affär um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vun 2.500 Euro verurteelt ginn. Am Oktober befaasst sech d’Cour de Cassation da mat dëser Affär. Donieft muss hien dem Psychiater Dr. Cloos an der pensionéierter Gynekologin Dr. Schmit allkéiers 1.000 Euro Schuedenersatz bezuelen. Hien hat déi zwee als “Schüler vum NS-Dokter Mengele” an als “Coronazien” tituléiert, well si sech am Oktober 2021 fir Corona-Impfungen ausgeschwat haten.

Lauschterenplay_arrow