Eigentlech steet de Favorit fir den Owend fest. Déifferdeng ass zejoert Champion ginn an huet de Championstitel dëst Joer just ganz knapp duerch eng Defaite um leschte Spilldag géint d’Iwwerraschungsekipp vu Biissen verluer.
Minetter President gesäit seng Ekipp net an der Favoritteroll
D’Victoria vu Rouspert huet d’Saison an der Nationaldivisioun am Mëttelfeld vun der Tabell ofgeschloss. An awer gesäit de Fabrizio Bei, President vun de Minetter, seng Ekipp net an der Favoritteroll.
“Ech menge jiddwereen erwaart sech elo, Dir hutt elo gesot vu Favorit, ech géif dat net soen, well fir mech ass Rouspert, déi hunn e gudde Laf, déi hu jo e puer Matcher elo ëmmer relativ gutt gespillt an ëmmer gedréint. Mir mussen, wa mir Déifferdeng sinn haut, wanne mir. Okay. Wa mir net Déifferdeng sinn, da gëtt et ganz, ganz schwéier.”
Biissen hätt Déifferdeng “den Zant gezunn”
De President vun der Victoria, de Guy Reiter, kann dat net ënnerschreiwen. Seng Ekipp géif als kloren Outsider an de Match den Owend goen. An awer huet hien eng Iddi, wéi een den Déifferdenger kéint Schwieregkeete bereeden. Stéchwuert Biissen.
“Natierlech hu mer vill u Biisse geduecht. Ech hat och de Match gekuckt, de leschte Sonndeg zumindest an Deeler, an do huet ee gesi wéi een dem FC Déifferdeng den Zant kann zéien. Also dat war schonn impressionant vum FC Atert Bissen. Wann ee schonn eng Kéier an der Finall ass, da wëllt ee se natierlech och gewannen. Also mir wëssen natierlech ëm eis Roll als Outsider, mee an eng Finall, dat ass ee Match an do weess een ni wéi et ausgeet.”
De Fabrizio Bei huet iwwerdeems betount, datt den Déifferdenger de verpasste Championstitel nach an de Schanken hänke géif. Wann den Arbitter den Owend Hallwer aacht upäife géif, wier dat awer vergiess, esou nach den Déifferdenger President.
President matgeholl vu leschtem Samschdeg
Leschte Samschdeg haten déi Minetter jo géint den FC Atert Biissen verluer an domat och d’Championnat an deem ee bis Mäerz nach fënnef Punkte Virsprong hat, verspillt. Deementspriechend kann de Fabrizio Bei, President vun Déifferdeng, sech och net richteg op d’Coupe Finall haut den Owend freeën, huet hien am 100,7-Interview verroden.
“Eigentlech naja. Dat huet mech esou matgeholl leschte Samschdeg. Ech si scho laang dobäi. Ech mengen ech hunn e bëssen Erfarung. Ech sinn 23 Joer dobäi. Mee dat huet mech effektiv vill getraff. An ech freeë mech natierlech ëmmer fir mäi Club a fir eng Finall, mee et ass net esou wéi déi lescht Joren.”
D’Finall vun der Coupe de Luxembourg gëtt den Owend um hallwer aacht dann am Stade de Luxembourg ugepaff.