De Psychiater Dr. Cloos an d’pensionéiert Gynekologin Dr. Schmit hate sech am Oktober 2021 fir Corona-Impfungen ausgeschwat. De Peter Freitag huet gëschter gemengt, hien hätt deemools een Etat d’esprit kritiséiert; wann ee sech dovu concernéiert gefillt hätt, da kéint hien näischt dofir.
Eng Entschiedegung vun 10.000 Euro gëtt gefuerdert
Hien hätt a “relativ poetescher Form” op d’Zoustëmmung vum Dr. Cloos zu engem Lieserbréif vun der Dr. Schmit geäntwert, sou de Peter Freitag. Fir säin Affekot wier de Peter Freitag fräizespriechen, am Numm vun der Meenungsfräiheet. Et hätt och keng béis Intentioun bestanen, huet de Me Tiberi fonnt. Hien huet och um Enn och eng Entschiedegung vun 10.000 Euro duerch d’Doktere gefrot huet, well säi Client net als Schoulmeeschter schaffe kéint. De Mann wier deemno scho gestrooft fir seng Aussoen.
Eng kloer Intentioun fir ze schueden
Op der Géigesäit war d’Me Herrmann um Ufank vun der Sëtzung op d’Terme “Schüler vum Dr. Mengele” a “Coronazien” agaangen an hat erkläert, datt Doktere wéi Nazie géifen handelen, wiere ganz grave Accusatiounen. D’Intentioun fir ze schuede wier kloer beluecht an den Ugekloten, deen houfreg wier op seng Positioun, zu Schuedenersatz an Héicht vu jee 2.500 Euro fir déi zwee Dokteren ze verurteelen.
De Me François Prum huet gemengt, datt de Peter Freitag sech viru Geriicht wéilt erausrieden. Dobäi hätt hien déi zwee Doktere mam schwäerzeste Regime verglach, deen et gouf, an dat géif ee Strapp ze wäit goen. Ze provozéiere wier d’Zil oder, fir mam Peter Freitag senge Wierder ze schwätzen, säin Etat d’esprit gewiescht. Dem Ugeklote seng Aussoe géifen dann och iwwert d’Meenungsfräiheet erausgoen. “Sou Leit mussen de Bass gehale kréien an net ongestrooft dovu kommen.”, huet de Me Prum plädéiert, fir dee sech de Peter Freitag net sou hätt kënnen an dierfen ausdrécken.
Et misst een oppassen, wat ee schreift, war d’Äntwert vum Me Prum op d’Ausso vum Me Tiberi, datt de Peter Freitag keng Schoul hale kéint. Den Ugekloten hätt allzäit net duerch dës Affär keng Aarbecht.
An d’Uerteel an dëser Affär ass fir de 7. Mäerz.