Elo goufen Detailer bekannt an zwar soll déi nei Ëmgeeungsstrooss elo net méi, wéi scho bekannt gi war, duerch de Bobësch goen, mee just nach laanscht de Bord vum Bësch. Och den Impakt op d‘Natura-2000-Zon vum Zämerbësch soll méi kleng sinn.
Dofir géif de Contournement dann elo laanscht d‘Zuchstreck goen, wat bedeit, datt d‘Entreprise Saint-Gobain relokaliséiert misst ginn. Do géifen och Verhandlunge mat der Firma lafen, fir eng nei Plaz ze fannen.
Doriwwer eraus soll d‘Gare Käerjeng-Suessem vergréissert ginn, mat engem Parkhaus mat e puer Etagen. Nieft dem Contournement soll och eng Vëlospiste gebaut ginn. Déi nei Variant hätt och de Virdeel, datt en an e globale Konzept erapasst, wou d‘Transport-Korridoren all beienee leien.