An der Gemeng Conter krut den neie Schäfferot tëschent DP, LSAP an déi gréng gëschter um Mëttwochowend am Gemengerot déi néideg Majoritéit. Déi 6 Conseillere vun der neier Majoritéit hu fir de Schäfferot gestëmmt, déi 5 vun der CSV dogéint.
D’CSV-LSAP Koalitioun ënner der demissionärer Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet gëtt domat ofgeléist. Si ass ënner anerem wéinst der Gestioun vu Mobbing-Virwërf beim Gemengepersonal an d’Bréch gaangen.
Demissioun vun CSV-Schäffe mécht Vott méiglech
Neien DP-Buergermeeschter vu Conter gëtt den Dali Zhu. De Pol Thomé vun der LSAP gëtt Éischte Schäffen an den Ari Arrensdorff vun déi gréng Zweete Schäffen.
Et wier wichteg, elo no vir ze kucken, esou den Dali Zhu um Mikro vum 100,7.
"Mir schaffen elo um neie Budget. Dee muss dann och esou séier wéi méiglech preparéiert ginn a fäerdeggestallt ginn an ech mengen, Personal-Management ass och eng vun deene Prioritéiten, déi mir hunn."
Méiglech gouf de Vott fir den neie Schäfferot, well den CSV-Schäffe Yves Loose - wéi schonn ugekënnegt - am Gemengerot seng Demissioun offiziell gemaach huet.
"Meng Annonce vun haut ass am Géigesaz zu der Madamm Zovilé an der Madamm Ansay hiren Ukënnegunge keng Iwwerraschung. Ech hunn, wéi et scho säit leschter Woch an de Medien zirkuléiert, meng Demissioun beim Inneminister Léon Gloden eragereecht an esou mat de Wee fir en neie Schäfferot offiziell fräigemaach."
Vereedegung innerhalb vun 3 Wochen
Déi nei blo-rout-gréng Koalitioun hätt och kënnen de Vott vum Budget ofwaarden, fir den ale Schäfferot ze stierzen. Se huet awer de Vott vun neie Schäfferot als “urgence” kuerzfristeg op den Ordre du Jour vu gëschter gesat. Den Dali Zhu begrënnt dat esou:
"Ech mengen, dat ass esou am Gesetz virgesinn, an et ass och eng Urgence, well et ass net nëmmen eng zäitlech Urgence, notamment eeben och mam Budget. Mee ech mengen, et ass och fir Gewëssheet an d'Gemeng ze brénge mam Personal an och fir d'Bierger, datt si wëssen, wéi et elo weidergeet."
D’CSV-Politikerin Marion Zovilé-Braquet hat Ufank Oktober hir Demissioun offiziell gemaach, knapp zwee an en halleft Joer no de leschte Gemengewalen.
Den neie Buergermeeschter muss elo nach vum Grand-Duc, an d’Schäffe vum Inneminister nominéiert a vereedegt ginn. Dëse Prozess ka bis zu dräi Wochen daueren.