Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Inneminister-Conseil: d'Sécherheetsfro steet am Mëttelpunkt

Wéinst de rezenten Attentater

EU-Inneminister-Conseil: d'Sécherheetsfro steet am Mëttelpunkt

Déi rezent Attentater a Frankräich an an der Belsch, genee ewéi d’Auswierkunge vum Konflikt am Noen Osten op d’Sécherheets-Situatioun an der EU, stinn am Mëttelpunkt vun de Gespréicher vun den EU-Inneministeren, déi haut um Donneschden um Kierchbierg zesumme sinn. De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn war de Moie verhënnert an ass bei där Reunioun net derbäi.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D’EU brauch dee gemeinsame System, huet de Moien déi belsch Staatssekretärin fir Asyl a Migratioun, d’Nicole de Moor ënnerstrach.

"Le terroriste qui a commis une attaque à Bruxelles lundi, a demandé dans quatre pays différents, des pays européens. Il a été rejeté chaque fois parce qu'il ne qualifie pas pour la protection. Ce n'était pas un réfugié. C’est intolérable pour notre système d’asile."

Souwuel beim belschen, wéi och beim franséische presuméierten Attentäter, handelt et sech ëm Persounen, deenen hir Asyldemande refuséiert gouf. Dat stellt och de Gérald Darmanin, de franséischen Innenminister, fest.

"Il faut désormais que très concrètement, il faut appliquer le pacte migratoire que nous avons négocié pour maîtriser nos frontières, enregistrer les personnes, et fallait faire des entretiens de sécurité qui sont préalables à toute étude, notamment d'asile."

Nei Weeër fanne fir Leit zeréckzeschécken

D'Zeréckzeschécke vun deenen, déi de Statut vum Refugiée net unerkannt kruten, muss besser funktionéieren, seet déi däitsch Innenministerin Nancy Faeser. Et misst nei Weeër fonnt ginn.

"Damit die Rückführung tatsächlich auch von Straftätern tatsächlich erfolgen. Das steht im Fokus all dieser Länder, ist natürlich heute morgen von Schweden, Belgien, Frankreich gemeinsam mit uns vorgestragen worden."

Datt dee System net funktionéiert, ass gewosst. Mat der Europäescher Kommissioun wielt een elo ënner anerem iwwer den ëmstriddenen Accord, dee mat Tunesien ofgeschloss gouf, schwätzen.

Hei hunn d’Länner vill Froen. De belsche presuméierten Attentäter war Tunesier. Tunesien gehéiert awer zu deene Länner, déi refuséieren, refuséiert Asyldemandeuren nees opzehuelen.

Mee Asyldemandeure missten zeréckgeholl ginn, sot de Moien den Vizepresident vun der EU-Kommissioun, de Margaritis Schinas.

"Mir hoffen, datt mir an deem Kader d'Retoure sënnvoll organiséiere kënnen."

 Tunesien kooperéiert bis elo awer net an huet eng éischt Tranche vun EU-Sue viru Kuerzem einfach zeréckgeschéckt.

Lauschterenplay_arrow