Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Collège médical proposéiert Ännerungen am Gesetz

Santé

Collège médical proposéiert Ännerungen am Gesetz

Wéinst dem Virfall mam Zänndokter, deen hei zu Lëtzebuerg exerzéiert huet, obwuel a Frankräich eng Prozedur géint hie gelaf ass, gëtt elo d‘Gesetz geännert. De Collège médical huet schonn en éischten Entworf ausgeschafft, fir d‘Gesetz vun 1999 unzepassen.

auto_stories

1 min

Dat confirméiert d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der ADR. Et ass virgesinn, fir d‘Disziplinarprozedur ze vereinfachen. Ausserdeem wier eng Reegel geplangt, fir ze erméiglechen, datt een Dokter, deen am Ausland zäitweis oder ganz gespaart ass, net zu Lëtzebuerg däerf praktizéieren.

Déi Méiglechkeet ass et bis elo net ginn. An dofir hätt Lëtzebuerg och dem Zänndokter d‘Zouloossung 2013 ginn, obwuel déi Zäit schonn eng Prozedur géint hien a Frankräich gelaf ass. Den Zänndokter war just zäitweis, vu Februar bis Mee 2016 suspendéiert ginn, well hien, wéi en eng Zouloossung hei am Land ugefrot huet, net gesot huet, datt a Frankräich eng Prozedur géint hie géif lafen.