Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Christophe Hansen warnt virun den Auswierkunge vun der Maul- a Klauenseuche

EU-Landwirtschaftskommissär

Christophe Hansen warnt virun den Auswierkunge vun der Maul- a Klauenseuche

De Lëtzebuerger EU-Kommissär fir d‘Landwirtschaft Christophe Hansen warnt virun negativen Auswierkungen op den europäeschen Handel duerch d‘Maul- a Klauenseuche an Däitschland. Eng Kettereaktioun misst elo verhënnert ginn.

auto_stories

1 min

© European Union 2024
Foto: European Union 2024

An engem Interview mat Deutschlandfunk seet hien, éischt Länner wéi Groussbritannien, Südkorea oder Mexiko hätte schonn den Import vun ënner anerem Kéi a Schof aus Däitschland gestoppt. Et misst elo verhënnert ginn, datt et zu enger Kettereaktioun kënnt.

Et misst ee genee kucken, wéi de Virus an de Stall zu Brandenburg koum, sou de Christophe Hansen. Do war e Freideg bei Waasserbüffelen den éischte Fall vun der Maul- a Klauenseuche an Däitschland zënter 1988 detektéiert ginn.

Nach kee Fall zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg wier d‘Maul a Klauenseuche den Ament net nogewise ginn, hat d‘Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung ALVA gëschter um Dënschdeg preziséiert. Si huet awer een Appell un d‘Déierebesëtzer:inne lancéiert. Si sollen ënnert anerem op Unzeeche wéi Féiwer an Apthen un de Féiss, am Mond an um Auder oppassen. Verdachtsfäll sollen direkt der ALVA gemellt ginn.