Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Angle Mort (Sans Moog)

play_arrow Live
search

/ Christophe Hansen packt säin Examen ouni Problemer

HEARING AM EUROPAPARLAMENT

Christophe Hansen packt säin Examen ouni Problemer

Bei sengem “Hearing” am Europaparlament iwwerzeegt de Christophe Hansen eng breet Majoritéit vun Europadeputéierten. Seng Äntwerte goufe queesch duerch d'Parteien als kompetent, gutt preparéiert a gutt presentéiert bewäert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

EU | © Bei sengem “Hearing” am Europaparlament iwwerzeegt de Christophe Hansen eng large Majoritéit vun Europadeputéiert. Seng Äntwerte goufe queesch duerch d’Parteien als kompetent, gutt präparéiert an gutt presentéiert bewäert. play_arrow
Foto: EU

Dräi Stonne gouf de Lëtzebuerger CSV-Politiker vun den Europadeputéiert an d'Mangel geholl.

“Et ass een ustrengenden Exercice gewiescht. Dat war schonn derwäert”, esou en zefriddene Christophe Hansen de Méindeg Owend direkt no deem Hearing. Den Austausch gouf an enger meeschtens frëndlecher Atmosphär mat Froen, déi op d’Saach konzentréiert waren, ofgehalen.

Diplomatesch Äntwerten op kriddeleg Froen

Vill vun de Froen dréie ronderëm d’Suen, den Agrarbudget, dat ëmmerhin drëtt gréissten Dëppe vum ganzen EU-Budget. Bleift et beim aktuelle System vun den direkte Subsiden, oder proposéiert d'Kommissioun do eng Ännerung?

“Ech wäert mech fir ee staarke Budget asetzen, ma ech sinn net deen eenzegen, deen dat decidéiert”, esou déi diplomatesch Äntwert vum nominéierten Agrar-Kommissär, dee sech och bei anere Froen, wéi déi fir oder géint een Handelsofkommes mat de Mercosur-Länner oder awer méi contraignant Ëmwelt-Oploe fir d'Bauere wéinst dem Klimaschutz net festleet, domat awer bei der Majoritéit gutt ukënnt

D'Reaktioune queesch duerch d'Parteie si positiv.

"Exzellente Parcours sans faute, eng perfekt Maîtrise vun den Dossieren. Ech trauen em zou, datt hien een exzellente Kommissär gëtt eng gutt Visittekaart fir Lëtzebuerg zu Bréissel", esou den DP-Europadeputéierte Charles Goerens.

Breet Majoritéit stëmmt fir de Lëtzebuerger Kandidat

Um Enn hunn nieft der Europäescher Vollekspartei och d'Sozialisten, déi Liberal, déi Gréng an déi riets Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer fir de Lëtzebuerger Kandidat gestëmmt. D'Patriote fir Europa hu sech enthalen, dogéint gestëmmt huet d'Fraktioun vun deene Lénken, an "Europa vun de Souveränen Natiounen".

Weider Erklärunge vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

Lauschterenplay_arrow