Radioen

On air

Notturno  |  Judee Sill - There's a Rugged Road

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Et gi vill Problemer a leider keng einfach an direkt Léisungen"

Chrëschtusprooch vum Grand-Duc

"Et gi vill Problemer a leider keng einfach an direkt Léisungen"

Bei senger traditioneller Chrëschtusprooch huet de Grand-Duc Henri vill Defien ugeschwat, virun deenen net nëmme Lëtzebuerg, mee och déi ganz Welt steet. En vue vum olympesche Joer 2024 erhofft sech de Grand-Duc deemno, datt déi olympesch Wäerter ewéi Diplomatie, Solidaritéit, Respekt an Toleranz, nees d'Iwwerhand kréien.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Den Ukrainkrich matten an Europa, de Konflikt am Noen Osten, déi steigend Zuel vu Migranten an de Klimawandel: mat deene véier Sujeten huet de Grand-Duc Henri seng Chrëschtusprooch ugefaangen. D'Devise olympique "Méi séier, méi héich, méi staark - zesummen", hätt sech wéi ee roude Fuedem duech d'Joer gezunn. Am Gudden, ewéi och am Schlechten.

D'Demokratie als Privileeg

Op nationalem Plang gëtt d'Veronsécherung vun de Leit ervirgehuewen: klammend Präisser, d'Laascht op de Betriber, an d'Aarmut. De Grand-Duc appelléiert drun, Solidaritéit ze weisen, a keen Haass oder Intoleranz ze verbreeden.

D'Waljoer hätt jidderengem nach eng Kéier virun Ae gefouert, wat fir ee Privileeg et ass, an enger Demokratie ze liewen. Ee Rechtsstaat souwéi demokratesch an humanistesch Wäerter wiere keng Selbstverständlechkeet, esou de Grand-Duc Henri.

Aus der Diversitéit weider eng Stäerkt maachen 

Et géinge vill Problemer ginn, op déi et leider keng einfach an direkt Léisunge géife ginn. Mee Evenementer wéi d'COP28 wiere Grond fir Optimismus, esou de Grand-Duc. Et wier schliesesch net einfach, sech zu 180 Länner op een Accord ze eenegen. Och d'Zesummeliewen am Grand-Duché tëschent Leit mat 180 Nationalitéite wier eppes, op dat een houfreg soll sinn. Oppenheet vis-à-vis vun der Welt wier een Deel vum Lëtzebuergeschen Ierfgutt. An och an Zukunft soll aus eiser Diversitéit weider eng Stäerkt gemaach ginn, esou de Grand-Duc Henri.

Lauschterenplay_arrow