"Aktuell ass d’Stëmmung moros an ugespaant" seet eise Korrespondent Philip Crowther, deen dëser Deeg op der Platz war. “Wéi ech zu Betlehem am Westjordanland war, war ech gefillt den Eenzegen, deen do war.” An enger Kierch zu Betlehem gouf sech der Aktualitéit ugepasst – an der Krëppchen do leit – am Platz vum Chrëschtkand - e palestinensesche Beebee. An zwar an engem Coup Steng a Bëton. "Et ass en Ausdrock vu Solidaritéit mat deem wat an der Gazasträif geschitt", esou de Philip Crowther.
An der Gebuertskierch zu Jerusalem, wou dem chrëschtleche Glawen no de Jesus gebuer gouf, gëtt et elo op Chrëschtdag wuel eng Mass, esou nach de Philipp Crowther, mee op der Platz virun der Kierch ass keng Deko, keen Dännebam, just e Parking wou d’Leit, déi an d’Mass wëlle goen, den Auto stellen. Et wier ganz anescht, wéi déi Jore virdrun.
"Zu Jerusalem sinn derbäi och nëmme ganz wéineg Leit", esou de Philip Crowther, "et kommen aktuell bal keng Flich do eran. Israel mëscht de Palestinenser aus dem Westjordanland et awer och ganz schwéier dohinner schaffen ze goen." D'Grenzkontrolle wieren immens streng, seet eise Korrespondent. Dat gedeelte Jerusalem ass aktuell nach méi gedeelt – tëschent dem vun Israel besate palestinenseschen Deel, an dem jüddesche Weste vu Jerusalem. "Et versteet een sech net, et gëtt och net matenee geschwat" esou d’Analyse vum Philip Crowther.