Radioen

On air

De Moien  |  Sly & The Family Stone - Family Affair

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chômagetaux läit bei 5,6 %

ADEM

Chômagetaux läit bei 5,6 %

16.927 Persoune waren am Oktober op der Sich no enger Aarbecht. Dat si bal 2.260 Persoune méi, wéi virun engem Joer, wat eng Hausse vun iwwer 15 % ausmécht. Vun där Hausse si Leit mat Unisdiplomer a Jonker ënner 30 Joer am meeschte betraff, dat deelen de Statec an d‘Adem mat. 

auto_stories

1 min

Wat déi verschidde Beruffer ugeet, do ass de Bausecteur, de Finanz- an Immobiliësecteur, d‘Industrie, den Informatiksecteur am d‘Comptabilitéit am meeschte betraff.

De Chômagetaux läit elo bei 5,6 %.

Och d‘Zuel vun de Leit, déi sech nei bei der Adem ageschriwwen hunn, ass an d‘Luucht gaangen. Ronn 3.200 Residenten hunn sech am Oktober nei beim Aarbechtsamt ageschriwwen, dat bal 400 Leit méi, déi d‘lescht Joer am Oktober.

Par Conter si manner fräi Aarbechtsplaze bei der Adem gemellt ginn, wéi nach virun engem Joer.