Déi chineesesch Ekonomie stéing zwar op stabille Féiss, mee besonnesch déi rezent Ukënnegunge vun Importtaxen duerch d'USA wiere kontraproduktiv.
China huet an dem Kontext haut um Freideg vun enger Erpressung geschwat. Dat wier net d‘Aart a Weis, wéi ee géif matenee schwätzen. China géif op alle Fall Géigemesuren ergräifen, sou nach den Xi Jinping.