Radioen

On air

Kultur um 5  |  Kollaborateuren, Kollateralschued a Konsequenzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chef vun UnitedHealthcare zu New York erschoss ginn

Police geet vu geziilter Attack aus

Chef vun UnitedHealthcare zu New York erschoss ginn

Zu New York wier de Chef vun UnitedHealthcare erschoss ginn. Dat mellen US-Medien. De Brian Thompson wier bei engem Hotel matzen a Manhatten an d‘Broscht geschoss ginn.

auto_stories

1 min

© jetcityimage - stock.adobe.com
Foto: jetcityimage - stock.adobe.com

Hie wier schwéier blesséiert an d‘Spidol bruecht ginn a wier do gestuerwen. An Enquête-Kreesser géif vun enger geziilter Attack rieds goen. De presuméierten Täter wier op der Flucht, esou d‘New York Times. No him géif gesicht ginn. D‘Police vun New York huet fir den Ament just Schëss confirméiert.

UnitedHealthcare sollt haut am betraffenen Hotel eng Konferenz fir Investoren ofhalen. Déi wier awer fréizäiteg ofgebrach ginn, esou Medien.

De Betrib ass ee vun de gréisste Gesondheets-Versécherungskonzerner an den USA. E mécht all Joer een Ëmsaz vun iwwer 370 Milliarden US-Dollar a beschäftegt ronn 440.000 Salariéeën.