Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
search

/ Rebellechef rifft Flüchtlingen op, nees zeréck a Syrien ze kommen

Rou a Stabilitéit solle kommen

Rebellechef rifft Flüchtlingen op, nees zeréck a Syrien ze kommen

A Syrie gëtt no der Chute vum President Assad e Muechtwiessel preparéiert. Den neie Ministerpresident a Rebellechef, dee sech elo Mohammed al-Baschir nennt, soll bis Mäerz den Interim maachen.

auto_stories

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Rami Alsayed
Foto: picture alliance / NurPhoto | Rami Alsayed

Hien huet eng Rei Interviewen a westleche Medie ginn. Do huet hien een Appell un déi syresch Flüchtlingen am Ausland gemaach, datt si sollen zeréckkommen. Syrie wier elo e fräit Land, dat säi Stolz a seng Würd erëm hätt. D‘Syrer aus dem Ausland kéinte mat hirer Erfarung eng wichteg Roll spillen, fir d‘Land rëm opzebauen.

Den al-Baschir war virdrun ënnert sengem Kampfnumm Abu Mohammed al-Dschulani Regierungschef an der Rebellenhéichbuerg Idlib, vun där aus d‘Islamistegrupp HTS hir Offensiv lancéiert hat, déi zu der Chute vum Baschar al-Assad gefouert huet. 

Och de Premier vun der neier Iwwergangsregierung huet Stabilitéit a Rou versprach. De Mohammed al-Bashir war zu Damaskus mat Membere vun der neier an der fréierer Regierung zesummen, fir iwwer den Transfert vun de Ministèren an Institutiounen ze beroden.

Kurdemiliz zitt sech aus Manbidsch zeréck

D‘Kurdemilizen, déi vun den USA ënnerstëtzt ginn, wëlle sech aus der nordsyrescher Stad Manbidsch zeréckzéien. Dat confirméiert de Kommandant vum Rebellegrupp SDF. Virdrun haten d‘Kurdemilize sech op eng Wafferou mat den Tierkei-Noen Milize gëeenegt.

D‘SDF huet dëst Ofkommes als ee Mëttel bezeechent, fir Zivilisten ze schützen.

Israel huet 480 Positioune bombardéiert

Iwwerdeems huet Israel däitlech Warnungen un den neien Chef a Syrien geriicht. All Bedrooung fir Israel géif bekämpft ginn, sou den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu.

Der israeelescher Arméi no goufen iwwer 480 Positiounen a Syrien bombardéiert.