Radioen

On air

Notturno  |  Mike Wexler With Synthetic Love Dream - After

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ „ChatGPT“ an „den neie Luc“: Kee Problem fir de Luc Marteling

Wuert vum Joer 2023

„ChatGPT“ an „den neie Luc“: Kee Problem fir de Luc Marteling

Beim Wuert vum Joer géif et virun allem dorëms goen, dat erëm ze gi wat d’Leit an deem Joer gepräägt huet – a manner ëm de linguisteschen Interessi vum Wuert selwer, sou de Luc Marteling, Direkter vum Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Datt mat “Chat GPT” den Numm vun enger Software, a mat “den neie Luc” een Ausdrock aus dem Walkampf mat um Podium ass, hält de Luc Marteling an dësem Kontext net fir e Problem.

“Nee, also ech gesinn dat als onproblematesch un. Wéi gesot, wann et lo eng Mark wier, déi iergendwéi aus iergendengem Grond problematesch wier oder e Slogan oder e politesche Slogan mat enger Ausso, déi ganz dubios wier, dann hunn ech do awer Vertrauen an de Jury, datt deen et da vläicht net géing berécksiichtegen. Dat heescht fir do nach méi, oder dat wat toleréiert gëtt bei de Propos, fir dat méi enk ze faassen, mengen ech, ass kee Besoin do well een eben do nach de Jury do tëschen huet.”

"Ultra-Populariséierung" vun der KI

Datt dës Kéier “Kënschtlech Intelligenz” als “Wuert vum Joer” zeréckbehale gouf erkläert hien domat, datt 2023 duerch d’“Ultra-Populariséierung” vun der kënschtlecher Intelligenz markéiert gewiescht wier.

Fir den Direkter vum Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch ass et wichteg, datt d’Wuert vum Joer aus der Gesellschaft kënnt an och hiren Zoustand erëmspigelt. Fir déi véierte Kéier zënter 2020 gouf d’Wuert vum Joer elo aus am Ganze ronn 370 Propose gewielt. D’Initiative kënnt vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Kulturministère an an Zesummenaarbecht mam radio 100,7 a mat RTL.