Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamber validéiert d‘Resultat vun den Europawalen

Mat 59 Jo-Stëmmen

Chamber validéiert d‘Resultat vun den Europawalen

Mat 59 Jo-Stëmmen huet d‘Chamber de Mëtten d‘Resultat vun den Europawalen den 9. Juni guttgeheescht. De Gewielten ADR-Deputéierten hat fir de Vott de Sall verlooss.

auto_stories

1 min

D’Rapportrice Carole Hartmann vun der DP hat virdrun erkläert, datt der zoustänneger Kommissioun keng Elementer opgefall sinn, déi en Afloss op d’Resultat haten, wann och verschidde kleng Constate gemaach goufen. Et wieren och keng Reklamatiounen agereecht ginn, soudass d’Europawalresultat kéint validéiert ginn.