Radioen

On air

Moiesstudio  |  Thee Sacred Souls - Running Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Causa Gérard Depardieu: Macron bezeechent Kritik als "Mënschejuegd"

Trotz Plaintë wéinst Vergewaltegung a sexuell Aggressioun

Causa Gérard Depardieu: Macron bezeechent Kritik als "Mënschejuegd"

An deem Interview gouf den Emmanuel Macron och op den Acteur Gérard Depardieu ugeschwat. Dee steet no engem Documentaire iwwer säin Ëmgang mat Fraen, an no zwou Plaintë wéinst Vergewaltegung a sexuell Aggressioun an der Kritik.

auto_stories

1 min

© picture alliance
(Foto: picture alliance)

Hie géif den Depardieu als Acteur bewonneren, sot de Macron gëschter. Wat aktuell géif lafen, wier eng Mënschejuegd. Esou eppes kéint hien net leiden.

Déi franséisch Kulturministesch Rima Abdul Malak huet annoncéiert, datt den Depardieu seng Legion d‘Honneur soll ofgeholl kréien. Deen Uerder wier keng Auszeechnung fir moralesch Verdéngschter, esou awer de Macron.