search

/ Casserolade: Mat Dëppen a Pane wëllen d'Gilets jaunes haut duerch Frankräich zéien

Frankräich

|
reading time

2 min

Casserolade: Mat Dëppen a Pane wëllen d'Gilets jaunes haut duerch Frankräich zéien

D'Gilets jaunes hu fir haut zu engem haarde Protest opgeruff. Virun de Fraktiounsbüroen, op de Stroossen a bei de Fënstere sollen d'Leit mat Dëppen a Panen oder soss Utensilie Kaméidi maachen. D'Gilets jaunes schléisse sech domat der aktueller Protestwell vu Schüler:innen a Frankräich un.

reading time

2 min

© EPA/FIRAS ABDULLAH
(Foto: EPA/FIRAS ABDULLAH)

Virun der Assemblée nationale zu Paräis ass da fir den Owend eng Protestversammlung geplangt. Och do soll mat Dëppen a Pane fir vill Kaméidi gesuergt ginn. A Frankräich kënnt et ëmmer nees zu dëser Form vu Protester, och "Casserolade" genannt. 

Fir muer ass nees eng Massendemonstratioun ugekënnegt, esouwuel vun de Gewerkschaften, wéi och vun de Gilets jaunes. D'Protestzich sinn awer net iwwerall fusionéiert, mee lafen deelweis och parallel zueneen.

D'Protester riichte sech virop géint déi héich Liewensmëttelkäschten. 

Regierung hat scho reagéiert, mee wuel net genuch

Déi aktuell Well u Protester huet mat de Lycéesschüler:innen a Studenten ugefaangen, déi zënter Woche fir besser Konditiounen an hire Schoulen op d'Strooss ginn. Si fuerdere méi Léierpersonal an eng besser schoulesch Infrastruktur. 

Um Bord vun deene Protester koum et ëmmer nees zu Gewalt tëschent der Police a verschiddenen, gréisstendeels mannerjäregen Demonstranten. Dobäi goufen och Butteker a Vitrinne futti gemaach. D'Police huet Tréinegas agesat. 

Déi franséisch Regierung huet no e puer Wochen op d'Protester reagéiert an ënner anerem ugekënnegt, d'Plattform fir den Zougang zu den Universitéiten, de Parcoursup, ze reforméieren. Fir d'Schüler:inne ginn d'Mesuren, déi tëschent 5 a 6 Milliounen Euro solle léien, net duer.