Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Casa International a Casa Logistics ass faillite 

Dekobuttek

Casa International a Casa Logistics ass faillite 

D’Firma Casa International a Casa Logistics, huet an der Belsch haut offiziell Faillite deklaréiert. Déi Decisioun trëfft an der Belsch 63 Geschäfter, an hir 544 Employéeën. 

auto_stories

1 min

© OceanProduction / Bigstock
(Foto: OceanProduction / Bigstock)

CASA gouf 1975 an der Belsch gegrënnt an ass spezialiséiert am Verkaf vu klenge Miwwelen an Dekoratiounsartikelen. An 8 Länner huet de Konzern bis nach viru kuerzem 400 Geschäfter gehat, déi 2500 Persoune beschäftegen.

Zu Lëtzebuerg ginn et och 8 Geschäfter, mat 37 Employéeën. Fir den Ament gouf fir d’Firma CASA Lëtzebuerg keng Faillite hei am Land deklaréiert. Allerdéngs ginn d’Geschäfter vu CASA Logistics beliwwert. Sollt de belsche Curateur decidéieren d’Liwwerungen ze stoppen, da wieren d’Geschäfter hei am Land a Gefor, sot op Nofro hin den Mickael Costa vum LCGB.