Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - Don't Know What's Normal

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Caritas Spezialkommssioun mat der Kathoulescher Kierch, mee ouni Kardinol

Op Auslandsrees

Caritas Spezialkommssioun mat der Kathoulescher Kierch, mee ouni Kardinol

An der Spezialkommissioun Caritas an der Chamber sollen den 12. Mäerz d’Vertrieder:inne vun der kathoulescher Kierch den Deputéierte Ried an Äntwert stoen. De Kardinol Jean-Claude Hollerich wäert awer net do sinn. Hien ass deen Ament op enger Auslandsrees. 

auto_stories

1 min

Dat geet aus engem Bréif vum Generalvikar Patrick Müller un de Chamberspresident Claude Wiseler ervir, deen eis virläit. De Weibeschof a Generalvikar Leo Wagner wäert zesumme mam Ökonom Marc Wagner d’kathoulesch Kierch an der Spezialkommissioun vertrieden.

D‘Caritas wäert iwwerdeems de 26. Februar an der Kommissioun aussoen. Dat huet de Kommissiounspresident Charel Weiler haut matgedeelt.
D‘Spezialkommissioun soll Liicht an de Finanzbedruch vu bal 61 Milliounen Euro bei der Caritas bréngen. D'Sue konnte bis haut net recuperéiert ginn.