Grad fir déi Leit, déi mam Heescheverbuet cibléiert sinn – also d’Affer vun organiséiertem Heeschen – géifen et keng Strukture ginn, esou d’Carole Reckinger.
Et hätt ee bis ewell wéineg bis kee Kontakt mat Affer vun organiséiertem Heesche gehat, seet d’Carole Reckinger. Kontakt ophuele wier schwiereg.
„Un déi komme mer souwisou net, déi schwätzen net mat eise Streetworkeren, déi ginn net an eis Strukturen. Dat heescht, mir hunn eigentlech keng Strukturen en place fir déi Leit opzefänken, déi Opfer si vun Trafic.“
An anere Länner, beispillsweis der Schwäiz, wier dat anescht, seet d’Carole Reckinger.
Vertrauen opbauen fir de Leit ze hëlelfen
Grad an deem Land also, wat an de leschte Wochen hei zu Lëtzebuerg ëmmer rëm wéinst sengem strengen Ëmgang mat Heescherten zitéiert ginn ass. Déi concernéiert Leit hätten dacks Angscht, mengt d‘Spriecherin vu Caritas nach weider, et géif och meeschtens e Sproocheprobleem ginn. Dobäi kënnt, datt et keng Zuelen doriwwer ginn, wéi vill Persounen zu Lëtzebuerg Affer vun organiséiertem Heesche sinn. Fir déi Leit ze erreechen, misst ee virun allem Vertrauen opbauen, mengt d’Carole Reckinger.
Mee et kéint een ebe kee forcéieren, sech Hëllef ze sichen, betount d‘Spriecherin vu Caritas.
„Déi Leit hunn déi selwecht Rechter a Fräiheeten, wéi all déi aner Leit hei zu Lëtzebuerg. Déi muss een och respektéieren. Wann ee wëll Hëllef, da kritt een se och hei zu Lëtzebuerg. Mee et ginn awer ëmmer Leit, déi duerch verschidde Grënn se net ufroen. An och keng Hëllef wëllen oder sech net trauen oder sech schummen.“
Caritas: D'Heescheverbuet féiert net zu méi Demande fir Hëllef
Ma souguer déi Leit, déi si als Caritas erreechen, fannen an de bestoende Strukturen net onbedéngt dat, wat se brauchen.
„Et gi Leit déi och vläicht wëlle roueg sinn. Well vill vun deenen Hëllef wou se hi ginn, zum Beispill d’Wanteraktioun, dohi gi ganz vill Leit, do ass ganz vill Kaméidi. Oder zum Beispill wann een eng Koppel ass, oder well zesumme bleiwen, vill vun hinne wëlle vläicht och bëssen Intimitéit hunn, an et kritt een déi net an enger Wanteraktioun.“
D’Heescheverbuet géif an hiren An net dozou féieren, datt d’Leit sech manner dofir schummen, aarm ze sinn – am Géigendeel, esou nach d’Carole Reckinger.