arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cargoschëff an der Strooss vun Hormus gouf attackéiert a steet a Flamen

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

Cargoschëff an der Strooss vun Hormus gouf attackéiert a steet a Flamen

An der Mieresstrooss vun Hormus gouf ee Cargoschëff deen a Liberia immatriculéiert ass an der Nuecht attackéiert, an ass a Brand geroden. Ee Projektil hätt de Maschinneraum getraff.  Op d'mannst ee Member vum Equipage gëllt als vermësst. De Kampf géint de Brand u Bord géif elo nach virugoen.

reading time

1 min

Archivfoto: D'Strooss vun Hormus | © EPA/STRINGER
Archivfoto: D'Strooss vun Hormus (Foto: EPA/STRINGER)

Zënter Mëtt Juli ginn et ëmmer nees Tensiounen tëschent dem Iran an den USA. Den Iran blockéiert elo op en neits déi wichteg Mieresstrooss vun Hormus. Teheran dreet domat Schëffer ze attackéieren, déi ouni hir Autorisatioun wéilten duerch de Passage  fueren.

De Verkéier ass komplett ofgebremst, am Duerchschnëtt hu just 17 Schëffer pro Dag d’lescht Woch déi Mieresstrooss benotzt.

De Katar, deen eng Vermëttlerroll spillt, huet gemellt datt et Verhandlunge géife ginn, allerdéngs sinn et bis ewell keng direkt Gespréicher.