De Malaria-Parasit gëtt iwwer infizéiert Moustiquen iwwerdroen. D‘Krankheet ka liewensgeféierlech sinn. 2022 sinn eng 600.000 Mënschen a ronn 85 Länner weltwäit gestuerwen, virop an Afrika. Do sinn 80 Prozent vun den Doudesaffer Kanner ënner fënnef Joer.
De Cap Vert ass dat drëtt Land um Kontinent, no Mauritius an Algerien, wou Malaria als ausradéiert gëllt.