Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CSV: Isabel Wiseler-Lima a Christophe Hansen Co-Spëtzekandidate fir d'Europwalen

Europawalen

CSV: Isabel Wiseler-Lima a Christophe Hansen Co-Spëtzekandidate fir d'Europwalen

Fir d’CSV ginn den Deputéierte Christophe Hansen an d’Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima op en neits als Co-Spëtzekandidate mat an d’Europawalen. D'Lëscht mat den am ganze sechs Kandidaten an de Walprogramm goufen am Nationalcomité an am Nationalrot vun der Regierungspartei ugeholl. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Véier weider Nimm stinn op der CSV-Lëscht fir d’Europawalen. D’Martine Kemp, déi am Oktober fir de Christophe Hansen an d'EU-Parlament nogeréckelt ass. De Guy Breden, Gemengerot zu Kielen, d’Mélanie Grün, Gemengeconseillère zu Kayl-Téiteng, an de Metty Steinmetz, deen an der CSJ engagéiert ass.

Géint déi, déi d'Demokratie ënnergruewe wëllen

Eng 13 Säite soll den integrale Wal-Programm hunn, deen awer nach iwwerschafft gëtt. Eng Prioritéit fir d’Zukunft vun Europa wier et géint déi virzegoen déi d’Demokratien an Europa wéilten ënnergruewen, betount d’Europadeputéiert Isabel Wiseler-Lima.

"Mir mussen dogéint wierken an dat ganz decisiv. Esouwuel vun deene Geforen déi vu bausse kommen, ech hu vu Krich geschwat, mir mussen dat ganz seriö huelen. Mee och vu bannen, hu mer déi extrem Parteien, an déi rietsextrem Parteie sinn extrem staark am Moment."

Digitalisatioun an Nohaltegkeet

Zu de weidere Prioritéiten am CSV-Walprogramm fir d’Europawale gehéieren déi digital Transitioun an d‘Thema Nohaltegkeet, ënnersträicht och den CSV-Deputéierten, Christophe Hansen.

"Mir sti ganz kloer zum Paräisser Klimaofkommes awer och zum europäesche Green Deal. Ech mengen dir hutt och gesinn, des Woch hunn eis zwou Europadeputéierten och fir d'Gesetz zur Restauratioun vun der Natur gestëmmt."

De Christophe Hansen kandidéiert och op Demande vum Premier Luc Frieden fir de Poste vum Lëtzebuerger EU-Kommissär kandidéiert.

Léiwer Chamber oder Europaparlament?

Op d’Fro ob en da lo léiwer an der Lëtzebuerger Chamber géif setzen oder am Europaparlament, huet de Christophe Hansen, deen eréischt am Oktober zejoert an d’Chamber gewielt ginn ass, auswäichend geäntwert:

"Je donne vraiment priorité aux électeurs qui doivent d’abord dire leur mot et ensuite on va en parler. Je suis vraiment d‘avis que la politique européenne et la politique nationale et même la politique locale sont très intimement liées."

Aktuell huet d’CSV zwee Sëtz am Europaparlament, déi chrëschtlech-sozial Partei hofft awer drop bei dësen Europawalen hiren drëtte Sëtz vun 2014 zeréckzekréien.

Den definitiven CSV-Programm fir d‘Europawalen den 9. Juni, soll nach emol op enger separater Pressekonferenz virgestallt ginn.

Lauschterenplay_arrow