Och géife keng konkret Zomme genannt ginn, déi d’Regierung bereet wier, ze investéieren.
D’Chambre des Salariés, d’Gewerkschaften an de Mouvement écologique hunn och kee Versteesdemech dofir, datt bei deene ville Mesure keng Prioritéite gesat géife ginn. Een Zäitplang fir d’Ëmsetzung géif komplett feelen.
Positiv ervirgehuewe gëtt, datt d’Ambitioun vun der Regierung méi wäit géif goen, wéi vun der Europäescher Unioun gefrot, an datt een am Plang e Fokus op Locatairë leet. Si géife bei deene manner gutt gestallte Menagen e groussen Undeel ausmaachen an hätten oft wéineg Spillraum wann et drëms geet, hiren Energiekonsum ze reduzéieren.