Déi nächst Deeg soll virun allem iwwer de Sujet Klimafinanzéierung diskutéiert ginn. Oppen ass nach, ob zesumme mat China oder och de Golfstaaten een Accord fonnt gëtt.
D'Zousoe fir Klimaupassungsmesuren, déi bis elo vun den Industrielänner virleien, leien den Ament däitlech ënner de gefuerderten Zommen.
Offiziell geet d'Weltklimakonferenz nach bis e Freideg. Et ass awer net ausgeschloss, datt se verlängert gëtt.
Wat sinn d'Knackpunkten op der internationaler Klimakonferenz zu Baku? Mir hunn den Andrew Ferrone vum Ëmweltministère gefrot.
Greenpeace bleift optimistesch
Obwuel de politesche Wëlle feele géif, bléif d’Hoffnung op der Weltklimakonferenz bestoen, schreift Greenpeace um Méindegmoien an engem Communiqué. An der éischter Verhandlungswoch wier et nëmmen zu klenge Fortschrëtter komm, sou d’Ëmweltorganisatioun.
D’Ministeren, déi elo op d’COP29 an den Aserbaidschan kommen, missten de Stëllstand iwwerwannen, virun allem wat d’Finanzéierung vum Kampf géint d’Äerderwäermung ugeet, mengt Greenpeace.