Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ COP28: OPEC-Länner si géingt all Accord, deen d'Enn vun de fossillen Energië fuerdert

Aner Länner weise sech enttäuscht

COP28: OPEC-Länner si géingt all Accord, deen d'Enn vun de fossillen Energië fuerdert

D‘OPEC Länner hu bei der COP28 zu Dubai un hir Memberlänner appelléiert, proaktiv all Accord ze verwerfen, deen d‘Enn vun de fossillen Energien an d‘Schlussdeklaratioun wéilt era kréien.

auto_stories

1 min

D‘EU géif sech mat bal 200 anere Länner, déi zu Dubai sinn, fir e produktiven a wichtegen Accord asetzen, sot déi spuenesch Ministesche vun der ekologescher Transitioun. An dofir wier de Virstouss vun der OPEC net an der Rei.

Och vun der franséischer Delegatioun koum eng hefteg Reaktioun op de Virstouss vun der OPEC: déi zoustänneg Ministesch sot sech erstaunt a rosen iwwer d‘Initiativ. Déi fossil Energië wiere responsabel fir 75 Prozent vun den CO2 Emissiounen. Et misst een einfach erausklammen, fir d‘Klimaerwiermung op 1,5 Grad ze halen. D‘OPEC awer géif mat hirem Neen déi äermsten a vulnerabelst Länner a Gefor bréngen.

En Dënschdeg soll de Schlussaccord op der COP zu Dubai ugeholl ginn.

Déi nächst Cop wäert iwwregens 2024 am Aserbaidschan sinn, dat huet de Moien den aserbaidschaneschen Ëmweltminister matgedeelt.

Den Aserbaidschan ass eent vun zéng Kooperatiounslänner vun der OPEC.