Et gouf zu Dubai standing ovations fir déi Decisioun. Op der leschter Weltklimakonferenz, d‘lescht Joer an Ägypten, war ee sech iwwer de Prinzip vun sou engem Fong eens, mee konkret war nach näischt decidéiert ginn.
De Moien hunn Däitschland an déi Vereenten Arabesch Emiraten iwwerraschend 200 Milliounen Dollar fir dee Fong annoncéiert.
70.000 Leit aus 200 Länner zu Dubai
Op der COP28 soll och de Bilan gezu ginn, ob d‘Klimaziler vun den UNO-Memberlänner duerginn, fir d‘Zil vun enger maximaler Äerderwiermung vun annerhallwem bis 2 Grad ze erreechen.
Vun haut un an déi nächst zwou Woche verhandele ronn 70.000 Persounen aus bal 200 Länner och doriwwer, wéi séier a wéi konsequent si bereet sinn op Gas, Pëtrol a Kuel ze verzichten.
Fir Lëtzebuerg sinn den Ëmweltminister Serge Wilmes an de Grand-Duc Henri bei der Ouvertureszeremonie derbäi.