D'Gesondheetsministesch Martine Deprez (CSV) wollt sech op Nofro hin net zu der Affär äusseren, esou laang wéi déi juristesch Prozedur leeft. De Fall wier net vun hir denoncéiert ginn, huet si awer ënnerstrach.
D’Caisse nationale de santé huet fir hir Plainten Donnéeën a Statistike vum betraffenen Dokter mat deene vun aneren Häerzspezialiste verglach. Dobäi koum eraus, datt de Kardiolog eng "atypesch Aktivitéit" vum Volum hier virweist, genee wéi aussergewéinlech laang Aarbechtsdeeg "dépassant le domaine dupossible".
Donieft huet d’Gesondheetskeess eng Enquête gemaach bei 16 Assuréen. Déi huet erginn, datt Akten, déi Reanimatiounsmoyene benéidegt hätten, méiglecherweis eleng vu Sekretärinne gemaach goufen, ouni datt de Kardiolog intervenéiert hätt.*
Untersuchungsriichterin ordonéiert Untersuchungshaft
Wéinst der Gravitéit vun de Faite koum et zu Perquisitioune beim Dokter doheem an a senge Cabineten an der Stad, zu Suessem an zu Schëffleng.
De Mann gouf och festgeholl, koum virun eng Untersuchungsriichterin, déi Untersuchungshaft fir de Mann ordonéiert huet. De Moment gi weider Enquêten duerchgefouert, wat d’Aktivitéit an den Dokteschcabineten ugeet, déi 2022, 2023 an 2024 opgoungen, an den Ëmsaz vum Häerzdokter, deen enorm an d’Luucht gaange wier.
Grondprinzip vum Vertraue wuel ënnerhielegt
De System vun der Sozialversécherung a virun allem d’Prise en charge vun de Gesondheetssoine géifen um Vertrauen tëschent Patienten, Dokteren, den Organisme vun der Sécurité sociale an den ëffentlechen Autoritéite berouen.
Wann et Indicë gëtt, datt gewëss Praktiken dee Grondprinzip ënnerhielegen, mussen d’Justizautoritéiten där Fro nogoen an d’Konsequenzen aus de Gesetzer zéien, esou de Parquet.
Et gëllt d’Présomption d’innocence, soulaang d’Justiz an dëser Affär enquêtéiert.
*Aktualiséiert den 22.10: Mir hu präziséiert, datt d’Enquête nach kläre soll, ob Akten ouni d’Interventioun vum Kardiolog gemaach goufen. An enger éischter Versioun war net kloer genuch, datt déi Faiten nach net etabléiert sinn.